mars 2017
Lëtzebuerger Lidder, nei arrangéiert 4.0

Lëtzebuerger Lidder, nei arrangéiert 4.0

Concert

09/04/2017 - 17h

Roodt-Sur-Syre, Centre Culturel "Syrkus"

(Malheureusement cet événement n'a pas de description en Français) Fir déi véierte Kéier schonn invitéiert de «Syrdall-Festival» op e Concert mam «Lëtzebuerger Lidderchouer». Dëse Chouer ënnert der Leedung vum Jean-Paul Majerus presentéiert Iech déi neisten Arrangementer a Kompositiounen fir Chouer mat oder ouni Begleedung, déi am Laf vun dësem Joer geschriwwe goufen. Lidder vu fréier, Texter vu fréier, op eng originell Aart a Weis nei arrangéiert... Lidder vun haut, Texter vun haut, nei komponéiert fir Kleng a Grouss. Et ass dem INECC e grousst Uleies eise räiche Lëtzebuerger Lidder-Repertoire méi bekannt a publik ze maachen. Mat neien zäitgeméissen Arrangementer soll dëse Repertoire de jonke Sänger, Gruppen, Bands a Chéier zougänglech an attraktiv gemaach ginn. All dës Lidder ginn, wéi och déi Jore virdrun, bei LMP (Luxembourg Music Publishers) editéiert. Fir dëst ofzeronnen, kënnt fir déi véierten Editioun och eng CD eraus, en Zesummeschnëtt vun deene leschten draï Editiounen. Den Ivan Boumans, Luc Grethen, Jean-Marie Kieffer, Jean-Paul Majerus, Georges Urwald a Roland Wiltgen hu fir dës véierten Editioun arrangéiert a komponéiert. Um Programm stinn ënner anerem: - Quiselchen - Et wor e Meedche vu Götzen - Ech sinn de schéine Poli - Dem Finny seng Box - Vullenhochzäit - D'Rutsch - Vu mengem Dueref an aner schéi Melodien a Kompositiounen virgedroe vum "Lëtzebuerger Lidderchouer 2017" a begleet vum Christophe Nanquette (Piano), Marc Demuth (Kontrabass) a Boris Dinev (Percussioun). Reservatioune ginn ugeholl um Telefon 77 01 96 (am léifsten tëscht 17 an 21 Auer) oder per E-Mail un schulleo@pt.lu http://msyrdall.betzdorf.lu/

Lire la suite

Informations pratiques

Centre Culturel "Syrkus"
20, rte de Luxembourg
6910 Roodt-Sur-Syre
Luxembourg
+352 77 01 96
http://msyrdall.betzdorf.lu/

Publicité

Météo du Luxembourg

>

7° / 20°

Vent sud-est Vitesse : faible
Vent : sud-est

Risques de précipitations Risques de précipitations :
40% de possibilité

Consultez les prévisions météo
Retour en haut de la page