janvier 2018
Luxembourg Jazz Messengers

Luxembourg Jazz Messengers

Concert Jazz&Blues

07/02/2018 - 20h

Esch-Sur-Alzette, Conservatoire de la Ville d'Esch-sur-Alzette

(Malheureusement cet événement n'a pas de description en Français) Georges Soyka: Trompett a Bügel David Fettmann: Altsaxophon Marc Mangen: Piano Boris Schmidt: Bassgei Niels Engel: Jazz De Rotary Club Esch huet am Kader vun den Festlechkeeten vun sengem 50e Anniversaire am Joer 2010 den Prix de la musique - Rotary Club Esch-sur-Alzette an d'Liewen geruff. Mat dësem Preis ënnerstëtzt den Rotary Club Esch-sur-Alzette 3 jonk Studenten aus dem Escher Conservatoire, déi am vergaangenen Schouljoer duerch aussergewéinlech Leeschtungen iwwerzeegt hunn. Bei dëser 8ter Editioun, nodeems dass d'Laureaten den Owend ugefaangen hunn, stinn Luxembourg Jazz Messengers op der Bühn. Luxembourg Jazz Messengers D'Iddi zu den "Luxembourg Jazz Messengers" ass entstanen aus engem Problem, deen d'Jazzmuseker an Europa ëmmer erëm begéinen : De Programm vun enger Jazz-Band besteet entweder aus de sougenannten Standarden, gewéinlech Lidder aus dem "American Songbook", dem Repertoire vun allen Jazzmuseker op der Welt, oder aus Eegekompositiounen. Tatsaach an Europa ass, datt d'Publikum dat amerikanescht Lidderbuch bis op e puer Ausnamen net kennt, an duerfir och net wierklech versteet iwwer wat d'Museker improviséieren. An dorëms geet et am Jazz : eng kollektiv Improvisatioun iwwer e bekanntent Lidd. Firwat sollt een net higoen, an esou eppes wéi en Luxembourg Songbook" dem lëtzebuergeschen Publikum presentéieren ? E puer Aschränkungen an der Wiel vum Repertoire, ware wichteg : Den Text an d'Melodie sollten reng lëtzebuergeschen Ursprong sinn, d'Texter sollten keng militäresch Inhalter hunn oder soss vu Waffen, Juegd an ähnlechem schwätzen, an et sollt méiglech sinn, se sou ze arrangéieren, datt se spillbar ginn an enger moderner Jazzsprooch. Daat heescht an dësem Fall, am Stil vun enger Art modernen Hard-Bop, e Stil deen an de 50er Jore populär gouf, dee bis haut praktizéiert gëtt a sech ëmmer erëm senger Zäit ugepasst huet. Duerfir och den Numm "Luxembourg Jazz Messengers" als Uspillung op dem Art Blakey sengen "Jazz Messengers". Um Programm stinn bekannte Lidder, mee och e puer Raritéiten, déi net geleefeg sinn.

Lire la suite

Informations pratiques

Conservatoire de la Ville d'Esch-sur-Alzette
50, rue d'Audun
4018 Esch-Sur-Alzette
Luxembourg
+352 54 97 25
Site officiel

Publicité

Météo du Luxembourg

>

4° /

Vent sud-ouest Vitesse : modérée
Vent : sud-ouest

Risques de précipitations Risques de précipitations :
65% de possibilité

Consultez les prévisions météo
Retour en haut de la page