janvier 2018
Den Théid gëtt al, e Koméidistéck vum Raoul Biltgen

Den Théid gëtt al, e Koméidistéck vum Raoul Biltgen

Théâtre

31/01/2018 - De 20h à 21h20

Dudelange, Centre Culturel Régional "opderschmelz"

(Malheureusement cet événement n'a pas de description en Français) Den Théid gëtt al. An e gëtt zur Laascht fir d'ganz Famill. Bis den Théid enges Daags ophält mat schwätzen. Einfach esou. Ass en dement? Oder huet e soss eppes? Kee weess et. Mee et mécht déi ganz Saach net onbedéngt méi einfach. Op der anerer Säit: Et kann ee sech jo och eng Hëllef organiséieren. An do ginn et dach mat Sécherheet genuch jonk Fraen, déi grad als Flüchtling am Land sinn, déi sech iwwert e klengt Täschegeld freeën. Sou kënnt d'Afif an d'Haus. De Problem ass, datt hatt offensichtlech weder Franséisch, nach Däitsch oder Englesch, a scho guer kee Lëtzebuergesch schwätzt. Mee wann den Théid jo och näischt méi seet, dann trëfft sech dat dach perfekt. Dat neit Koméidistéck vum Raoul Biltgen beschäftegt sech domadder, wéi mat de Leit ëmgaange gëtt, déi op Hëllef ugewise sinn, déi Al an déi Friem. An datt esou munches, wat ënnert dem Deckmäntelche vun der Nächsteléift gesot gëtt, näischt aneschtes ass, wéi sech selwer d'Liewen esou einfach ewéi méiglech ze maachen. Do kann engem d'Laache scho mol am Hals stieche bleiwen. Mee wien als leschte laacht . Regie: Claude Fritz Dekoren: Jeanny Kratochwil Beliichtung: Jang Krippler Toun/Technik: Marcel Hamilius Et spillen : Sharon Arendt, Nathalie Gira, Danielle Wenner, Pierre Bodry, Claude Fritz, Luc Lamesch

Lire la suite

Informations pratiques

Centre Culturel Régional "opderschmelz"
1a, rue du Centenaire
3475 Dudelange
Luxembourg
+352 691 615 512
http://www.dentheater.lu

Publicité

Météo du Luxembourg

>

4° /

Vent sud-ouest Vitesse : modérée
Vent : sud-ouest

Risques de précipitations Risques de précipitations :
65% de possibilité

Consultez les prévisions météo
Retour en haut de la page